Fréihjoerslidder
Loscht mat de Kanner ze sangen? Am Video fannt dir 3 Fréihjoerslidder wou zu eisem Morgenkreis gehéieren. Vill Spaass!
Fréihjoerslidd:
Am Baam do sangen d'Villercher
D'Fréihjor ass do
Am Gaart wuessen nees Blimmercher
rout wäiss giel a blo
Den Himmel ass lo net méi gro
an d'Sonn schéngt rem méi laang
Am Baam do sangen d'Villercher
D'Fréihjor ass do
Am Gaart wuessen nees Blimmercher
rout wäiss giel a blo
Hieschen an der Keilchen:
Hieschen an der Keilchen
setzt an schléift
setzt an schléift
armen Hieschen bas du krank
dass du nët méi hopse kanns?
Hieschen hops
Hieschen hops
De klenge grénge Raup:
E klengen grénge Raup
de kraucht op engem Blaat
e fresst a fresst
e gët méi fett
e bemol ass e saat
en hängt a sengem Cocon
a wat geschitt elo?
e faarwegen sou schéinen
Päiperlék ass do
e faarwegen sou schéinen Päiperlék ass do
» Photos